Zum Inhalt

Philosophie

D‘Kooperativ Vun der Atert, mat Sëtz an der Gemeng Biekerech, an am August 2016 gegrënnt aus enger Initiativ eraus vun der Kommissioun d’Economie Rurale, besteet aus enger benevoller Ekipp vu Konsumenten a Produzenten aus dem Réidener Kanton, déi no Weeër a Léisunge sichen, fir de natierlechen a gesonde Wuesstem an eiser Regioun ronderëm d’Atert ze fërderen an déi landwirtschaftlech gepäägte Landschaft duerch eis Projeten ze schützen. Mir entwéckelen zäitgeméiss Ernierungssystemer, respektiv ökoagrologesch Projeten, déi op eiser Mëscht gewuess sinn!

Eise Leitmotiv: fair, transparent an am Respekt fir Déier, Mënsch & Natur

Duerch eis Projete schafe mir gäre Stabilitéit an eiser regionaler Landwirtschaft, nei a liewenswäert Aarbechtsplazen, esou wéii och e neit Bewosstsinn fir natierlech Liewensmëttel.

AKTUELL PROJETEN

  • Fleesch Vun der Atert, déii solidaresch Abobox mat regionalem Fleesch & Gefligel
  • Viz Vun der Atert, eis Vizerei, déi op Commande Viz presst an afëllt
  • Eng Delikatess Vun der Atert, made by ODS
  • Zäitgeméis, Geméis op Wonsch vun Iech an engem Kuerf zesummegestallt

Projeten a Planung

  • Blé Vun der Atert
  • Ressourcerie Vun der Atert
  • Conserverie Vun der Atert

Vun der Atert ass member vun

  • De Kär asbl – beki.lu
    Regionalgeld vum Réidener Kanton
  • SEED – seed-net.lu
    Semences pour l’Entretien et l’Évolution de la Diversité
  • Solawi – solawi.lu
    Netzwierk fir d’solidaresch Landwirtschaft zu Lëtzebuerg
  • Gringgo – gringgo.lu
    Plattform fir fairen Handel am Westen
Sélectionner une ou plusieurs listes :